BUERGBRENNEN 2016

Mëttwochs, den 10. Februar

Vu 19:00 Auer u, gi mir duerch Duerf ophiewen

 A partir de 19hrs nous ferons une collecte dans le village

 

Samschdes, den 13. Februar um 20:00 Auer

gëtt d’Buerg hannert dem Camping ugefaang.
Mir offréiere wäermt Gedrénks fir Grouss a Kléng

 À 20hrs Boissons chaudes offertes près de la « Buerg » (une grande croix brûlée)

 

Sonndes, den 14. Februar

Vun 12:00 Auer u kritt Dir Ierzebulli, Taart, Kuch, Kaffi, Gedrénks an
Tombolaslousen.

 A partir de midi, service d’une soupe aux petits pois, pâtisserie, café  et la tombola

DSC_0023

 

Den Eugène Molitor reecht sein Helm weider

No 36 Joer a 5 Méint un der Spëtzt vun den Angelduerfer Pompjeeën, huet den Eugène dee weisse Kommandantenhelm aus Altersgrënn wärend der Generalversammlung un d’Viv Weidert-Weis weidergereecht.

Mat dësem Wiessel geet eng Ära op en Enn, déi virun 48 Joër ugefaangen huet. Mat 17 as den Eugène deemols de freiwellege Pompjeeë beigetrueden an huet sou den 1. September 1978 de Posten vum Kommandant iwwerholl, deen hien bis zur Generalversammlung am Februar mat engem vierbildlechen Asaatz a Stolz ausgefouert huet. Soumat as hien zu engem Sënnbild vun den Angelduerfer Pompjeeën fir esou munch Biirger aus der Ierpeldenger Gemeng gin; ëmmer ereechbar, an etlech Stonnen am Asatz.

DSC_0051

Mais, och wann hien elo nët méi Kommandant wäert sin, sou wäert hien awer weiderhin senger Equipe vun den Angelduerfer Pompjeen taatkräfteg zur Seit stoen.
Voller Stolz huet eis nei Kommandantin d’Viv Weidert-Weis sein neien Helm entgéint geholl a versëchert, sei Posten ganz am Sënn vun séngem Viergänger gewëssenhaft weiderzeféieren.
Soumat as d’Viv zwar nët déi alleréischt Pompjeeskommandantin, mais ëmmerhin déi momentan eenzeg an eisem Land.

Feier an enger Scheier – Zeienopruff vun der Police

Zu Angelduerf an der Rue de la Sûre huet et um Samschdeg de Moie fréi géint 3.30 Auer an der Garage vun engem net bewunnten Haus gebrannt.

baffb703ff8ce67cabddee39605c2db7

D’Pompjeeë vun Angelduerf an Ettelbréck, d’Ambulanze vun Dikrech an Ettelbréck an d’Police waren op der Plaz.

bcba5c2548f15158f8053e4adfbf6b9c
D’Police analyséiert och, wéi et zum Brand komm ass. Well Brandstëftung net ausgeschloss ka ginn, huet si en Zeienopruff lancéiert: Tel. 4997-8500 (C.I. Dikrech).

Quell: www.RTL.lu

Aktioun „Feierläscher préiwen“ / Action ‹‹ contrôle d’extincteurs ››

Léiw Awunner aus der Gemeng Ierpeldeng 

Heimat deele mir Iech mat, datt mir erëm eng Sammelbestellung vu Feierläscher an der Gemeng Ierpeldeng maachen. De Bestellcoupon fann dir hei niewendrun.

De ganzen Dag iwwer ass ee Spezialist vun der „Firma Stoll“ do, deen Är Feierläscher fachmännesch préift, an Iech mat Rot an Dot zu Verfügung steet.

Bréngt w.e.g. Är Feierläscher bis 12 Auer an eise Pompjeesbau, wou der se fir
14,- €/Stéck kontrolleiere loosse kënnt.

Chers habitants de la commune d’Erpeldange

Nous vous informons que nous ferons une commande collective d’extincteurs incendie. Veuillez trouver le bon de commande ci-après. 

En outre, vos propres extincteurs peuvent être contrôlés par un spécialiste de la « Firme Stoll » qui est présent dans nos locaux.

Pour pouvoir procéder au contrôle de vos extincteurs, nous vous prions de les amener de préférence avant midi dans notre centre d’intervention. Le prix du contrôle revient à
14,-€/la pièce.

Fir Är Bestellung, biede mir Iech den ënneschte Coupon bis de 24. Januar 2015 un eng vun de folgenden Adressen ze schécken:

Pour votre commande, veuillez envoyer le coupon ci-dessous avant le
24 janvier 2015 à une des adresses suivantes:

DOC : Coupon

Molitor Eugène                                    Molitor Jos
53, rue de la Sûre                                  53a, rue de la Sûre
L-9161 Ingeldorf                                  L-9161 Ingeldorf
Tel: 80 20 53     Fax: 26 800 554          Tel: 691 802095        Fax: 26 804 875
e-mail: wviv@tango.lu                           e-mail: josmo@pt.lu